e-pilepsy

Nei Behandlunge verfügbar. Schwätzt mat eis iwwer méiglech Fräiheet vun Ufäll.

Iwwer den E‑pilepsy-Projet

E-PILEPSY ass en europaiwwergräifende Projet mam Haaptzil, d’Bewosstsinn an d’Verfügbarkeet vun Epilepsiechirurgie an den ënnerschiddleche Länner ze verbesseren. Epilepsiechirurgie ass eng gängeg Behandlung am Ëmgang mat Persoune mat enger medikamentsresistenter fokaler Epilepsie.

Iwwer E-pilepsy

Wat ass Epilepsie?

Mir kënnen alleguer en Ufall kréien an ongeféier eng vun zwanzeg Persounen huet een Ufall an hirem Liewen. Bei e puer Leit ass d’Gläichgewiicht vun Hemmung an Reizung am Gehir gestéiert, wat zu  enger Heefung vu widderhollene generaliséierten Ufäll féiert. Dës Stéierung kann duerch eng Villzuel vu Grënn verursaacht ginn …

Epilepsie

Wat ass Epilepsiechirurgie?

Den am heefegsten duerchgeféierten Typ vu Gehiroperatioune gëtt Resektiv Gehiroperatioun genannt. Eng resektiv Operatioun fir Epilepsie gëtt benotzt, fir deen Deel vum Gehir ewechzehuelen, deen Ufäll verursaacht, wat bedeit, datt se nëmme bei Leit duerchgeféiert ka ginn, bei deenen Ufäll an engem Beräich vum Gehir ufänken. Dëst gëtt Fokaler Epilepsie genannt.

Epilepsiechirurgie

E vun der Europäescher Agence fir
Gesondheet a Konsumente bewëllegte Projet

Iwwer de Projet

E-PILEPSY ass en europaiwwergräifende Projet mam Haaptzil, d’Bewosstsinn an d’Verfügbarkeet vun Epilepsiechirurgie an den ënnerschiddleche Länner ze verbesseren.

Epilepsiechirurgie ass eng gängeg Behandlung am Ëmgang mat Persoune mat enger medikamentsresistenter fokaler Epilepsie. Et gëtt awer ëmmer nach e Mangel u Bewosstsinn vun de méigleche Kandidaten a méiglech Virdeeler vun Epilepsiechirurgie bei Dokteren a Patienten.

E-PILEPSY huet en Zesummeschloss vun 13 Zentren als méiglech Partnere opgestallt, mat 15 zousätzlech zesummeschaffenden Zentren, fir dëse Projet ze bedreiwen. Dat primäert erwaart Resultat vun dësem Projet ass, d’Unzuel an den Undeel vu europäesche Kanner an Erwuessenen z’erhéijen, déi vun hirer refraktärer Epilepsie geheelt ginn, andeems optimal Epilepsiechirurgie a ganz Europa
verbessert gëtt.

Aspekter vun E-PILEPSY ëmfaassen:

  • Zougänglechkeet vun Informatioune verbesseren
  • Erliichterung vun äerztlechen Iwwerweisunge fir Bewäertung
  • Verbesserung vun Bewäertungsméiglechkeeten
  • Verbesserung vun den Ënnersuchungen esouwéi d’Ausbildung vun Eenzelpersounen, déi fir
    d’Bewäertung fir Epilepsiechirurgie matabezu ginn, op ënnerschiddleche Siten.

Wat ass Epilepsie?

Mir kënnen alleguer en Ufall kréien an ongeféier 1 vun 20 Persounen huet een Ufall an hirem Liewen.
Bei e puer Leit ass d’Gläichgewiicht vun Hemmung an Reizung am Gehir gestéiert, wat zu enger
Heefung vu widderhollene generaliséierten Ufäll féiert, oder d’Gläichgewiicht ass an engem Deel vum
Gehir gestéiert, wat zu widderhollene fokalen Ufäll féiert

Dës Stéierung kann duerch eng Villzuel vu Grënn verursaacht ginn, inklusiv …

  • D’Gene vun enger Persoun
  • Schiedegung vun engem Deel vum Gehir vun der Gebuert un
  • Eng Kappverletzung, en Hireschlag oder eng Gehirinfektioun
  • En Deel vum Gehir, deen sech opgrond vun engem Gehirtumor oder bestëmmten Drogen/Alkohol net richteg entwéckelt.

Epilepsie ass net ongewéinlech; 1 vun 30 Persounen entwéckelt eng Epilepsie, awer allgemeng gesinn huet manner ewéi 1 Prozent vun der Bevëlkerung huet Epilepsie, well vill Leit sech erhuelen. Ongeféier een Drëttel vun de Leit mat Epilepsie ginn net mat antiepileptesche Medikamenter iwwerwaacht. Fir dës Leit sinn aner Behandlunge néideg.

Wat ass en Ufall?

D’Gehir ass e komplext Organ, dat aus iwwer 100 Milliarden matenee verbonnenen Nervenzelle besteet, déi Informatioune veraarbechten a späicheren; dëst Netzwierk vun Nervenzelle generéiert eis Gedanken an Emotiounen, kontrolléiert eis Beweegungen an erkennt eist Ëmfeld.

D’Nervenzellen hunn en Haaptkierper mat Verästelungen (och Dendrite genannt), déi bestëmmt Chemikalien erkennen, an enger ervirstoender Faser, dem Axon. Wann d’Nervenzell genuch “gereizt” gëtt, da feiert se en elektreschen Impuls iwwer den Axon of, wat zu enger Iwwermëttlung vu Chemikalien u spezialiséiert Ennpunkte féiert, an dës Chemikalie kënnen entweder aner Nervenzelle reizen oder agéieren, fir ze verhënneren (hemmen), datt aner Nervenzelle gereizt ginn Wann et am Gehir nëmme Reizunge géif ginn, da géifen all d’Nervenzelle zesummen offeieren, wat zu engem “elektresche Stuerm” féiere géif. Wann et am Gehir zevill Hemmung géif ginn, da géif d’Gehir ophalen ze funktionéieren. Et ass ëmmer e feint Gläichgewiicht un Hemmung a Reizung néideg, fir datt d’Gehir funktionéiert.

Därbaants engem Ufall stéiert eppes dëst Gläichgewiicht, wat zu zevill Reizung féiert an doduerch entsteet en “elektresche Stuerm”. Dëst kann an engem Deel vum Gehir optrieden (e fokalen Ufall) oder am ganze Gehir (e generaliséierten Ufall). Wann den elektresche Stuerm an engem Beräich ufänkt, da kann en op aner Deeler vum Gehir iwwersprangen. D’Natur vum Ufall hänkt dovun of, wou den Ufall ufänkt an ewéi wäit e sech ausbreet.

Als Beispill kann en Ufall, deen am Beräich vum Gehir ufänkt, deen d’Beweegung vun der Hand steiert, mat engem Zécke vun der Hand ufänken, awer wann den Ufall sech ausbreet, kënnen all Extremitéiten ufänken ze zécken an d’Persoun verléiert d’Bewosstsinn, oder wann en Ufall an deem Beräich ufänkt, deen d’Emotioune kontrolléiert, da kann et zu engem onerwaarten Angschtgefill kommen a wann den elektresche Stuerm sech ausbreet, kann d’Persoun d’Waarneemung vu sengem Ëmfeld verléieren.

Ufäll daueren normalerweis manner ewéi e puer Minutten an dono funktionéiert d’Gehir eventuell bis zu enger véierel Stonn net richteg, wat zu Verwirrung an Desorientéierung an deem Zäitraum féiere kann.

Wat ass Epilepsiechirurgie?

Wann antiepileptesch medikamentös Behandlung epileptesch Ufäll net kontrolléieren, da ka fir e puer Patiente eng Gehiroperatioun a Betruecht gezu ginn.

Den am heefegsten duerchgeféierten Typ vu Gehiroperatioune gëtt Resektiv Gehiroperatioun genannt. Eng resektiv Operatioun fir Epilepsie gëtt benotzt, fir deen Deel vum Gehir ewechzehuelen, deen d’Ufäll verursaacht. Dëst bedeit, datt se nëmme bei Leit duerchgeféiert ka ginn, bei deenen Ufäll an engem Beräich vum Gehir ufänken. Wann Ufäll nëmmen an engem Deel vum Gehir ufänken, dann nennt een dat Fokal Epilepsie.

Et ginn ënnerschiddlech Aarte vu Resektiver Gehiroperatioun, déi an ënnerschiddleche Beräicher vum Gehir stattfannen, ofhängeg dovun, wou den Ufall ufänkt. En Deel vun den Operatioune ëmfaassen haaptsächlech d’Ewechhuele vun enger Läsioun um MRT – dëst gëtt Läsiounsektomie genannt. Aner Operatiounen ëmfaasse méi grouss Deeler vum Gehir. Se kënnen all oder de gréissten Deel vun de Gehirlappen ëmfaassen. D’Gehir gëtt a véier gekoppelt Sektioune gedeelt:

  1. De Frontallappen
  2. De Parietallappen
  3. Den Occipitallappen
  4. Den Temporallappen

Temporallappenoperatioun

Den heefegsten Typ vu Resektiver Gehiroperatioune bei erwuessenen Epilepsiepatiente gëtt um Temporallappen duerchgeféiert. Den Temporallappe befënnt sech op béide Säite vum Gehir direkt iwwer dem Ouer. E spillt eng wichteg Roll fir Sprooch, Gehéier a Gedächtnis a vill Leit mat enger Temporallappenepilepsie leiden dowéinst virun allem un Gedächtnisproblemer.

Eng Temporallapperesektioun bedeit, datt d’Gehirgeweb am Temporallappen erausgeschnidde gëtt, fir den Ufallfokus ewechzehuelen. De viischten Deel vum Temporallappen an den déiwen Deel an de mesialen (déiwe mëttleren) Deelberäich vum Temporallappe sinn d’Beräicher, déi am heefegste betraff sinn. Déi déif Deelberäicher enthalen eng Hippokampus genannt Struktur, déi matabezu gëtt, fir Erënnerungen ze schafen.

Eng Temporallapperesektioun erfuerdert, datt e Beräich vum Gehir mat Hëllef vun enger Kraniotomy genannter Prozedur fräigeluecht gëtt. Nodeems de Patient mat enger Anästhesie an den Déifschlof versat ginn ass, schneit de Chirurg d’Kapphaut op, hëlt een Deel vun der Schank ewech an zitt eng Sektioun vun der Hirhaut, der haarder gehirofdeckender Membran ewech. Dëst schaaft eng Ëffnung an déi de Chirurg spezial Instrumenter asetzt, fir d’Gehirgeweb ewechzehuelen. Operatiounsmikroskoper ginn och benotzt, fir dem Chirurg eng vergréissert Usiicht vum betraffene Gehirberäich ze bidden. De Chirurg benotzt Informatiounen, déi därbaants der preoperativer Bewäertung gesammelt goufen, fir de Wee bis zum richtege Beräich vum Temporallappen ze definéieren oder festzeleeën. Nodeems d’Gehirgeweb ewechgeholl ginn ass, ginn d’Hirhaut an d’Schank erëm op hir Plaz zeréckgesat an d’Kapphaut gëtt mat Stéch oder Klamere zougebutt.

Aner chirurgesch Verfaren

En anere Beräich vu chirurgeschen Agrëff ass d’Implantatioun vu Gehirstimulatoren. Stimulatoren, déi an d’Gehir agesat ginn, ginn den Ament erfuerscht. Am Allgemengen kënne se fir Leit a Betruecht gezu ginn, fir déi et keng resektiv Operatiounsoptioune ginn. Déif Gehirstimulatioun (DGS) ass e chirurgescht Verfaren bei deem Leitungen, déi a spezifesch geziilt Beräicher am Gehir implantéiert gi sinn, liwweren eng kontrolléiert elektresch Stimulatioun. Dës Prozedur bei ausgewielte Leit d’Ufäll verbesseren

Am meeschte benotzt gi Vagusnervstimulatoren (VNS). Dat si kleng Apparater, ähnlech engem Häerzschrëttmécher, déi ënner d’Haut ënner dem lénkse Schlësselbeen implantéiert ginn. E gëtt iwwer eng Leitung op der lénkser Säit vum Hals mam Vagusnerv verbonnen. De VNS stimuléiert de Vagusnerv regelméisseg, fir d’Heefegkeet an d’Intensitéit vun den Ufäll ze reduzéieren.

Wéini gëtt eng Operatioun a Betruecht gezunn?

Et ginn eng Unzuel vu Faktoren, déi a Betruecht gezu musse ginn, éier et méiglech ass ze soen, ob eng Gehiroperatioun eng Optioun ass oder net.

Eng Operatioun kann a Betruecht gezu ginn, wann:

  • Ënnerschiddlech antiepileptesch medikamentös Behandlungen ausprobéiert goufen a se net zu enger Fräiheet vun Ufäll geféiert hunn
  • D’Ufäll an engem Gehirregioun optrieden
  • Dës Gehirregioun iwwer eng Operatioun zougänglech ass an ewechgeholl ka ginn, ouni wichteg Funktiounen ewéi Sprooch, Kraaft a Siicht ze
    schiedegen
  • D’Chancen op en ufallfräit Liewen no der Operatioun sënnvoll sinn

Heiansdo kann Epilepsie duerch e Strukturproblem am Gehir verursaacht ginn. Dee kann vu Gebuert un existéieren a sech spéider am Liewen duerch Ufäll manifestéieren oder spéider am Liewen duerch eng Verletzung um Gehir ewéi engem Trauma, engem Hireschlag, engem Tumor oder enger Infektioun verursaacht ginn. Wann Testresultater beweisen, datt d’Ufäll an dësem bestëmmte Beräich opzetriede schéngen, dann ass eng Gehiroperatioun méiglecherweis eng gutt Optioun.

Ongeféier 1 vu 5 Leit mat Ufäll, déi an engem Gehirberäich optrieden, hunn en normalt MRTGehirbild. Wann all aner Tester op de selwechte Gehirberäich verweisen, dann ass eng Operatioun eventuell och méiglech. Dacks si méi Tester, inklusiv Gehirbildtester oder méi EEG-Tester néideg. Bei e puer Leit mussen EEG-Opzeechnungen direkt vum Gehir aus duerchgeféiert ginn. Esou Opzeechnunge kënnen eventuell hëllefen, wann en allgemenge Gehirberäich am Verdacht steet, d’Ursaach vun den Ufäll ze sinn, awer méi präzis Informatiounen doriwwer, wou d’Ufäll ufänken néideg sinn. Dëst gëtt intrakraniell EEG-Opzeechnunge genannt.

Bei e puer ganz jonke Kanner mat enger gesiichter Abnormalitéit op enger Säit vun engem MRT-Scan sollt eng äerztlech Iwwerweisung fir eng Bewäertung stattfannen, éier e vollstännegen Test vun zwee antiepileptesche Medikamenter duerchgeféiert gëtt.

E puer zousätzlech Persoune mat enger Epilepsie, déi mat enger ugebuerener Schwächt op enger Säit (Hemiplegie) associéiert gëtt, ass eventuell och fir eng Operatioun gëeegent.

Wéi gëtt d’Eegnung vun engem Patient bewäert?

Bei der äerztlecher Iwwerweisung un e spezialiséierten Zentrum fir Epilepsiechirurgie duerchleeft eng Persoun eng éischt Bespriechung gefollegt vun enger vollstänneger Bewäertung. Dëst ëmfaasst e puer ënnerschiddlech Aarte vun EEGen, normalerweis fir Ufäll ze dokumentéieren, esouwéi ënnerschiddlech Aarte vu Scannen, déi dorop ofzilen de Beräich vum Gehir ze fannen, dee fir Ufäll verantwortlech ass. Persounen duerchlafen och eng vollstänneg Léierbewäertung; dëst kann och weider Scanaarten ëmfaassen. Dëst déngt dozou ze bestëmmen, ob eng Persoun Problemer mam Gedächtnis, der Sprooch oder dem Léieren huet, a fir ze gesinn, ob eppes dovun duerch d’Operatioun gefäert ass. Eng Persoun ka sech eventuell och mat engem Neuropsychiater treffen, fir ze bestëmmen, wat se sech vun enger Operatioun erwaarde kann an och fir Stëmmungsproblemer ze bestëmmen

Dat ganzt Epilepsiechirurgiesteam beréit dann all d’Resultater vun der Ënnersuchung, fir ze bestëmmen, ob eng Operatioun ouni weider Problemer ze verursaachen duerchgeféiert ka ginn. D’Team trëfft sech da mat der Persoun a senger Famill, fir d’Resultater, déi ugebueden Operatioun, déi wahrscheinlech Virdeeler a méiglech Risiken zesummenzefaassen. Et ass dann un der Persoun an/oder senger Famill, fir z’entscheeden, ob se den nächste Schrëtt ënnerhuele wëllen.

Wéi leeft d’Operatioun of

Epilepsiechirurgie kann op 3 ënnerschiddlech Aart a Weisen duerchgeféiert ginn:

  1. Andeems de “kranken” Deel vum Gehir ewechgeholl gëtt
  2. Andeems d’Verbindunge vum “kranken” Deel vum Gehir op déi aner Gehirberäicher ewechgeholl gëtt
  3. Andeems en elektresche Stimulator implantéiert gëtt, deen duerch elektresch Stimulatioun d’Reizbarkeet vun dem/den “kranken” Deel(er)
    vum Gehir reduzéiert.

Niewewierkungen

Eng vun den Niewewierkunge vun der Epilepsiechirurgie um Temporallappe kann eng Schwächung vum Gedächtnis sinn. Wéi dëst sech op de Patient auswierkt, hänkt vu ville Faktoren of, inklusiv ob et scho signifikant Schiedegungen a Bezuch op den Hippokampus ginn a wéi gutt d’Gedächtnis virun der Operatioun funktionéiert huet. Aner Leit erfueren no der Operatioun eventuell e puer Schwieregkeeten, fir dat richtegt Wuert ze fannen oder hunn Stëmmungsproblemer. Ze verstoen, wien héchstwarscheinlech dës Niewewierkungen erfiert ass wichteg, fir datt se berode kënne ginn, éier se eng Operatioun a Betruecht zéien. D’Risike vun enger Operatioun musse géint d’Risike vu kontinuéierlechen onkontrolléierten Ufäll betruecht ginn.

Et ass wichteg z’erkennen, datt Gehiroperatioune fir Epilepsie net ëmmer zu enger vollstänneger Heelung féieren muss. Tatsächlech ginn insgesamt wahrscheinlech nëmmen d’Halschent vun alle behandelte Leit vollstänneg ufallfräi. Studien hu gewisen, datt et och ganz vill dovun ofhänkt, wou d’Ufäll hiren Ursprong hunn, an ob et um MRT eng kloer siichtbar Läsioun gëtt, déi Ufäll verursaacht, déi vollstänneg ewechgeholl ka ginn.

Bei enger Temporallappenepilepsie, virun allem wann et Läinzeechebildung vum Hippokampus gëtt, kënne bis zu zwee Drëttel vun alle Leit Ufallfräiheet no der Operatioun genéissen.

OFBILDUNG weist Gehir-MRT mat lénkser hippokampaler Skleros (giele Feil). Den Hippokampus erschéngt lénks méi kleng an och méi hell wéi op der rietser Säit.

D’Gehir besteet aus 100 Milliarde Nervenzelle mat Trillioune Verbindungen. Ufäll kënnen an engem klenge Gehirberäich optrieden, sech awer dann duerch dës vill Verbindungen op aner Beräicher bis hin zum ganze Gehir ausbreeden.

Epilepsiechirurgie funktionéiert, andeems den Haaptberäich identifizéiert gëtt, vun deem Ufäll ausginn an dee Beräich ewechgeholl gëtt (virausgesat, datt en net wichteg fir wichteg Funktiounen ewéi Sprooch a Beweegung ass). Dëst gëtt “kurativ resektiv Operatioun” genannt.

Resektiv Operatioune sinn net ëmmer erfollegräich, well et net ëmmer méiglech ass, ze lokaliséieren, wou d’Ufäll optrieden, oder well esoubal e Gehirberäich ewechgeholl gëtt, d’Ufäll ufänken an engem  anere Beräich opzetrieden. Heiansdo ass et net méiglech, de Beräich ewechzehuelen, wou Ufäll optrieden, well e sech an engem Beräich befënnt, dee wichteg fir d’Gehirfunktioun ass.

De Chirurg ka sech dann dofir entscheeden, amplaz d’Verbindungen ze trennen, vun deenen aus d’Ufäll sech ausbreeden (“subpial Transektioun” genannt). Dës Operatioun ass allgemeng vill manner erfollegräich.

Wat Dir a Betruecht zéie musst

Wann d’Ufäll vu multipele Gehirberäicher (multifokal Ufäll) oder vum ganze Gehir (generaliséiert Ufäll) ausginn, dann ass eng resektiv Operatioun normalerweis net méiglech. Amplaz ginn Operatioune mam Zil benotzt, d’Ufäll ze verbesseren oder ze verréngeren, mat enger vill méi klenger Chance, d’Ufäll ze stoppen.

Déi zweet heefegst fokal Epilepsie bei Erwuessenen ass d’Frontallappenepilepsie. D’Frontallappen sinn déi gréisst Lappe vum Gehir an e puer wichteg Funktioune vun de Frontallappe si Motorik vum Kierper, inklusiv Sprooch a Kuerzzäitgedächtnis an Opmierksamkeet. E puer Beräicher vun de Frontallappe sinn och net richteg verstanen an Deel vu méi komplexem mënschleche Verhalen an Emotiounen. Virun allem, wa keng Läsioun um MRT siichtbar ass, erfuerderen Operatioune um Frontallappen dacks, datt intrakranial EEG-Elektroden um an/oder am Gehir placéiert ginn. Dës Elektrode sinn am Operatiounssall placéiert an d’Leit kommen an eng Epilepsieiwwerwaachungseenheet, fir d’Elektroden un d’EEG-Maschinn unzeschléissen an d’Ufäll opzezeechnen.

BILD; riets Frontallappenepilepsie mat multipelen déiwen Elektrode placéiert, fir den Ursprong vun den Ufäll ze fannen. D’EEG-Iwwerwaachung weist de Start vun engem Ufall am mëttleren déiwe Frontallappen. De Feil weist, wou den Ufall opgezeechent gouf.

Bild: lénks Frontallappenepilepsie. D’Bild weist eng Computerrekonstruktioun vum MRT vun engem Patient, woubäi de lénkse Frontallappen ervirgehuewen ass. Op der rietser Säit gëtt dat selwecht Gehir gewisen, nodeems en Elektrodennetz um Gehir placéiert gouf, fir den Ursprong vun den Ufäll a wichteg Funktiounen ze bestëmmen.

No der Operatioun

E Liewen ouni Ufäll kann e puer Upassunge mat sech bréngen, net nëmme fir d’Persoun selwer, mä och fir déi ronderëm se. Familljen an déi operéiert Persounen brauchen eventuell zousätzlech Ënnerstëtzung, fir sech un dëst unzepassen. D’medikamentös Behandlung gëtt op mannst eng Zäit laang virugeféiert an et gëtt keng Garantie, datt se bei Erfolleg ofgesat gëtt. Ongeféier 50 % vun de Persoune sinn an der Lag, d’medikamentös Behandlung no der Operatioun ofzesetzen, wa se ufallfräi bleiwen.